Vältesdag mam Aal Eechternoach

Mir liwweren Lëtzebuerg…

…och fir Valentinsdag!!!


Um Dag vun der Léift soll een keng Zäit verplemperen mat kachen,
dat maachen mir gäeren fir Iech.

Nach bis den  den 10. Februar kënn Dir Äer Commanden maachen fir dann Weekends am ganzen Land beliwwert ze ginn. 

Fir all iis Clienten am Ëmkrees vun 15 Kilometer: Dir kënnt den ganzen Weekend nach bestellen.

Mir wäerten alles sou virkachen, dat een et spéider doheem just nach muss wiermen.
Genau Anleitung heizou kritt Dir vun eis.

Iis ganz Take-Away Koart ass méiglech, sou kann jiddfereen an den Genoss kommen vun iisen Spezialtéiten, natirlech mat engem Maximum un lokalen an regionalen Produiten.

Stellt Iech Äeren Menü zesummen, sou wéi Dir Loscht hudd: Vlait just eng Entrée an en Plat, oder awer en 3-Gang-Menü? Keen Probleem, Dir hudd den Choix!

Fir jiddfereen ass eppes gebueden!

Wéi kann ech bestellen an
wéini kritt een seng Commande?

Bestellen kann een bis Mëttwochs 12.00 Auer Mëttes.
Commanden ginn Freides an Samschdes ausgeliwwert. Den Mindestbestellwert läit bei 50€

Bei Äerer Commande schreift Dir eis w.e.g Äer Adresse an Äer Präferenz, weini Dir Äer Commande wëllt hun. Wann mir all d’Commanden zesummen hun, kucken mir mat Iech, weini mir dann liwweren.

Alles ass sou verpaak, dat Dir et einfach am Frigo min. 2-3 Deeg  haalen kënnt. Sou ass den Weekend gerett an keen muss laang an der Kichen stoen.

Bestellen kënn Dir

Bei weideren Froen stinn mir gäeren zur Verfügung.

Mir freen eis op Iech.

Vorheriger Beitrag
Mir liwweren Lëtzebuerg
Nächster Beitrag
Ouschteren mam Aal Eechternoach