En klengt Virwuert

Häerzlech Wëllkomm

am Aal Eechternoach

– zënter 1998-

Den Aal Eechternoach
eng Brasserie mat Restaurant am Häerz vun Eechternoach, op eiser schéiner Maartplaz.

Zanter méi wéi 25 Joer ass den Aal Eechternoach en Treffpunkt fir jonk an manner jonk Leit.
Mat enger ofwiesslungsräicher Kichen, Quiz-Owenderen an anere reegelméissegen Eventer ass bei eis ëmmer eppes lass.

Mir leeë grousse Wäert op lokal a regional Produiten a kachen sou saisonal wéi méiglech.
Och bei eisem Take-Away- a Liwwerdéngscht verzichte mir bewosst op Plastik a benotzen ëmweltfrëndlech Pabeierverpackungen an d’Eco-Box.

Natierlech fannt Dir bei eis och eng Auswiel u veganen a vegetaresche Platen,
souwéi vill Alternativen zu Mëllech, Kéis an änlechem.

Fir Menü-Virschléi bei méi grousse Gruppen oder Catering-Ufroen,
schreift eis gären eng Mail oder schwätzt eis Team direkt un.

Mir freeën eis op Äre Besuch.

"Aal Eechternoach – Lokal, Regional & och Vegan!"

Menüskoart

Ëmmer nees eppes neies, an fir jiddfereen eppes dobäi: Mat Fleesch, vegan, glutenfräi – Dir hudd den Choix.

Liwwerdéngscht

Mir vertrauen konsequent op frësch Produiten aus iiser Regioun.
Gäeren liwweren mir iis Platen och bei Iech heem, oder Dir kënnt se bei eis ofhuelen.

Iis Fournisseuren

Alles wat mir ze bidden hun ob een Bléck mat allen Informatiounen zu iisen Produzenten an Fournisseuren

Neisten News & Eventer

Aal Eechternoach Quiz Night

Et geet nees weider!!! Aaneren Wochendag an all 2 Méint! Mir lueden nees an op iis Aal Eechternoach Quiz Night zesummen mam Steve, der UCAE & Électricité F. Wagner.😃 den 6. Mee 2026…

23. Veganen Brunch Buffet

Den Aal Eechternoach lued an op seng 23. Éditioun vum 🌱 Vegan Brunch Buffet 🌱 – den 10. Mee 2026 ab 10.00 Auer. 100% Vegan – 100% Geschmaach —————————————————————————- Wéi kann een reservéieren?…

Gemittlech

AM HÄERZEN VUN EECHTERNOACH

Mir hunn

IESSEN MAT LOKALEN AN REGIONALEN PRODUITEN

Treffpunkt

FIR JONK AN
MANNER JONK LEIT