Take-Away & Liwwerdéngscht

Dir kritt spontan Besuch a hutt keng Zäit ze kachen?
Oder Dir hutt einfach keng Loscht, vun der Couch opzestoen?

Gären liwwere mir Iech eis Platen och heem – duerch ganz Lëtzebuerg an d’Grenzgebitt.

Mir bidden Iech zwou Optiounen un:

1️⃣ Ab 35 € Bestellwert – am Ëmkrees vu 15 km
📅 Méindes bis Sonndes
⏰ 12.00–14.00 Auer & 18.00–20.30 Auer

Är Platen gi waarm bis heem geliwwert.
Mir fueren all Dierfer am Ëmkrees un – natierlech och iwwert d’Grenz.
Sollt et emol e puer Kilometer méi wäit sinn, mellt Iech gär bei eis – mir fannen eng Léisung.

2️⃣ Ab 50 € Bestellwert – duerch ganz Lëtzebuerg & Grenzgebitt
📝 Commande bis Mëttwochs 12.00 Auer
🚚 Liwwerung Freides oder Samschdes

Dës Platen gi frësch vun eis preparéiert a mussen duerno just nach opgewiermt ginn.
Eng genee Instruktioun läit bei all Commande dobäi.

📲 Bestellungen iwwer eise Formulaire oder per SMS / WhatsApp op 621 144 090
✔️ Dir kritt ëmmer eng Confirmatioun vun eis zeréck.
📞 Bei Froe kënnt Dir eis natierlech och gär uruffen.

💶 Bezuele kënnt Dir cash oder mat Payconiq.

🎉 Gären maache mir Iech och Propose fir méi grouss Eventer.

Mir freeën eis op Iech!

    Aal Eechternoach behandelt Är Informatiounen entspriechend dem Dateschutz. Fir Detailler kuckt eis Dateschutzerklärung.

    location_on

    Restaurant Aal Eechternoach

    38 Place du Marché
    L-6460 Echternach (Iechternach)
    Luxembourg

    phone

    +352 26 72 08 80

    access_time

    Mir sinn op all Dag

    vun 11.00 – 23.00 Auer

    D’Kichen ass op

    all Dag

    vun 12.00 – 21.00 Auer

    Iis ganz Koart fann dir hei.
    kitchen

    Kommt eis besichen an entdeckt ëmmer nees eppes neies. Mir änneren iis Koart all 6-8 Wochen, sou gëtt et och nie langweileg, an mir kënnen perfekt op d’Saison an iis Produzenten agoen.

    Mir freen eis op Iech!