Mir liwweren Lëtzebuerg!!
Dir hudd Loscht, iis Platen doheem ze genéissen? Mir liwweren iis ganz Koart duerch ganz Lëtzebuerg an Grenzgebidd.
Et kann jiddfereen an den Genoss kommen vun iisen Spezialtéiten, natirlech mat engem Maximum un lokalen an regionalen Produiten.
Wat gëtt et alles?
Iis Koart op Lëtzebuergesch fann Dir hei!
Our menu in english here!
Wéi kann ech bestellen an
wéini kritt een seng Commande?
Mir bidden 2 Servicer un:
Service 1 am Ëmkrees vun 15 Kilometer ronderëm Iechternach
Dir bestellt spontan oder am viraus an kritt Äer Commande waarm an zu der gewënschter Zäit heemgeliwwert.
Mir liwweren vun Mëttwochs bis Sonndes Mëttes vun 12.00-14.00 Auer an Owes vun 18.00-20.00 Auer.
Service 2 fir Lëtzebuerg an Grenzgebidd
Hei kritt Dir iis Platen frësch präparéiert an kaal heemgeliwwert. Bei der Commande läit fir all Plat eng Recette dobäi, wéi Dir et einfach an schnell doheem kënnt waarm maachen.
Bestellen kann een ëmmer bis Mëttwochs 12.00 Auer Mëttes.
Commanden ginn ëmmer Freides, Samschdes oder Sonndes ausgeliwwert.
Den Mindestbestellwert läit bei 50€
Bei Äerer Commande schreift Dir eis w.e.g Äer Adresse an Äer Präferenz, weini Dir Äer Commande wëllt hun. Wann mir all d’Commanden zesummen hun, kucken mir mat Iech, weini mir dann liwweren.
Alles ass sou verpaak, dat Dir et einfach am Frigo min. 2-3 Deeg haalen kënnt. Sou ass den Weekend gerett an keen muss laang an der Kichen stoen.
- per Mail op info@aaleechternoach.lu
- iwer SMS/WhatsApp op den 621 144 090
- iwer Telefon um 26 72 08 80
- iwert eisen Formulaire
Den ganzen Mount Oktober ginn et 10% Remise op all Commande.
Bei weideren Froen stinn mir gäeren zur Verfügung.
Mir freen eis op Iech.