Veganen Raclette-Owend am Aal Eechternoach

Den 29. an 30. Oktober lueden mer an op
iisen veganen Raclette-Owend am Aal Eechternoach.

Waat gëtt gebueden?

Iwert  Wochen hun mer un der richtiger Rezeptur geschafft, fir iis vegan Kéisen ze maachen. Zum Schluss
kënnen mer lo 3 verschidden „Kéisen“ unbidden, déi zwar flësseg sinn, sech awer perfekt an den Pännercher verschaffen lossen, an schéin baaken an lecker schmaachen.

Zu den Haaptzutaten heifir sinn benotzt gin: Hefeflocken, Cashew-Nëss an Flosamenschuelen. Doraus ergëtt sech dann och schnell, dat en veganen Kéis präislech mat den Richtegen mathaalen kann.

Donierft kritt een dann alles, wat soss nach dozou gehéiert:

  • Grenaille-Gromperen
  • angeluechten Geméis wéi Auberginen an Zwiwwelen
  • frëscht Geméis wéi Champignonen, Zucchini an Tomaten

Den Präis pro Persoun läit bei 35,90€

Dir sidd interesséiert? Dann reservéiert Äeren Dësch!

Mir freen eis op Iech <3

 

Vorheriger Beitrag
Mount vum Bongert am Aal Eechternoach
Nächster Beitrag
Mullen-Weekend am Aal Eechternoach