Ufank März 2022 sinn mir nees do!

Mee bis dohinn hun mir nach vill Arbescht.

Och mir waren am Juli 2021 vum Héichwaasser iwwerrascht ginn, an d’Waasser stung 1,50 Meter héich am Keller.
2 Deeg laang ass et op deem Niveau bliwwen, an huet alles onbrauchbar hannerloss.

Lo ass et un der Zäit, dat alles nei gemeet gëtt, an mer alles fir d’Zukunft sou präparéieren, dat mer dem Waasser besser Meeschter ginn. D’Maueren ginn nei beschicht, dat Fiichtegkeet et méi schwéier kritt d’Mauerwierk unzegräiffen. En Pompschacht gouf installéiert, fir dat mer spéider méi Zäit hun, iis op d’Waasser virzebereeden. An och soss kréien iis Toiletten en modernen an méi schéinen Look.

Währenddeems huelen mer eis dann och d’Zäit iis komplett Kichen ze renovéieren, fir spéider nach besser an funktionell schaffen ze kënnen.

Nierft den Renovatiounen war Zäit fir eng nei Koart auszeschaffen, en neien Logo ass entwéckelt ginn, neit Gedrénks gouf geschmaacht an kann geschwënn bei eis genoss ginn, an an an.

Also sidd gespaant op alles wat nach kënnt, mir freen eis schon.

Léif Gréiss vum Moart: 😉

Vorheriger Beitrag
Schéin Krëschtdeeg!!
Nächster Beitrag
Aal Eechternoach Grill-Box fir doheem!