Aal Eechternoach Quiz Night ass nees do!!

No enger laanger Paus ass et nees souwäit!!

Den 3. Juni 2021 lueden mir nees an op iis Aal Eechternoach Quiz Night
zesummen mat Électricité F. Wagner an Foyer Angelo Amodio.

Équipen mat 4 Leit kënnen sech beweisen, an hiert Wëssen aus allen Gebidder démonstréieren.

Froen an Moderatioun kommen vum Steve Wagner 😉

Mir haalen eis un déi aktuell Mesuren an hoffen dat ganzt bei guddem Wieder op der Terrasse ze maachen. Also denkt just alleguer un Äer Mask.

Mir wieren frou fir en propperen Oflaaf ze garantéieren, wann jiddfereen bëssen éischter do wier. Sou huet och jiddfereen Zäit fir ze iessen, an mir kënnen alles besser organiséieren.

Ze gewannen ginn et nees flott Bongen.

Dir kënnt Iech mat Äerer Équipe unmellen
– um Telefon 26 72 08 80
– per SMS/WhatsApp op den 621 144 090
– per Mail op info@aaleechternoach.lu
Mir freen eis op Iech!
Vorheriger Beitrag
Aal Eechternoach GrillBox – Vegan oder mat Fleesch
Nächster Beitrag
Wéi wier et mat enger Bowl?!