Et ass nees gläich souwäit ☺️👍
Aal Eechternoach Grill-Box
(fir 4-6 Persounen)
Mir suergen fir Äeren perfekten Grill-Mëtteg oder Owend.
Den Weekend ginn Detailer zu den Boxen online,
also sidd gespaant!!
Wielt aus den verschiddenen Optiounen Äer Box raus,
an mir liwweren Iech alles heem – duerch ganz Lëtzebuerg an Grenzgebidd.
Natirlech hun mir nees souwäit wéi méiglech mat iisen Produzenten zesummen geschafft
an lokal an regional Produiten benotzt. ☺️
Muss een selwer nach eppes kachen oder zoubereeden?
Nee! Schmäisst Äeren Grill un, an schon kann et lassgoen.
Alles ass virgekacht, marinéiert an präparéiert,
dat et entweder direkt kann giess ginn, oder op den Grill kann geluecht ginn.
Nees souvill Verpackungsmüll?👍
Fir déi, déi nach net bei eis bestallt hun: Mir versichen ëmmer alles sou ëmweltfrëndlech, wéi méiglech ze verpaaken, an sou mann wéi méiglech Plastik ze benotzen. Dëst gëllt och fir iis Grill-Box!
D’Zoosen an Vinaigretten sinn an Glieser, déi Dir spéider weider benotzen kënnt. D’Zaloten kommen an Pappschuelen, déi een dono kann ausspullen, an an den Pabeier-Container kann geheien. Och soss ass alles an Pappschuelen verpaak.
Wéi kann ech bestellen?
Bestellen kënn Dir ganz einfach
– iwer Telefon um 26 72 08 80
– per Mail op info@aaleechternoach.lu
– per SMS/WhatsApp op den 621 144 090
– oder iwert iisen Formulaire!
Wéi kann een bezuelen?
Bei all Box leit eng Rechnung dobäi, déi Dir spéider ganz einfach
iwer Digicash oder per Iwwerweisung bezuelen kënnt.
Bei weideren Froen stinn mir Iech gäeren zur Verfügung!
Mir soen Merci am viraus, an freen eis op Iech!!☺️👍