Mir liwweren Lëtzebuerg!!
Wéinst der grousser Nofro hun mir iis Gedanken gemeet, wéi mer kënnen iis Platen duerch ganzt Land liwweren.
Wéi schons mat iisem Krëschtmenü wäerten mir alles sou virkachen, dat een et spéider doheem just nach muss wiermen. Genau Anleitung heizou kritt Dir vun eis.
Iis ganz Take-Away Koart ass méiglech, sou kann jiddfereen an den Genoss kommen vun iisen Spezialtéiten, natirlech mat engem Maximum un lokalen an regionalen Produiten.
Wéi kann ech bestellen an
wéini kritt een seng Commande?
Iis Koart op Lëtzebuergesch fann Dir hei!
Our menu in english here!
Bestellen kann een ëmmer bis Mëttwochs 12.00 Auer Mëttes.
Commanden ginn ëmmer Freides an Samschdes ausgeliwwert. Den Mindestbestellwert läit bei 50€
Bei Äerer Commande schreift Dir eis w.e.g Äer Adresse an Äer Präferenz, weini Dir Äer Commande wëllt hun. Wann mir all d’Commanden zesummen hun, kucken mir mat Iech, weini mir dann liwweren.
Alles ass sou verpaak, dat Dir et einfach am Frigo min. 2-3 Deeg haalen kënnt. Sou ass den Weekend gerett an keen muss laang an der Kichen stoen.
- per Mail op info@aaleechternoach.lu
- iwer SMS/WhatsApp op den 621 144 090
- iwer Telefon um 26 72 08 80
- iwert eisen Formulaire
Bei weideren Froen stinn mir gäeren zur Verfügung.
Mir freen eis op Iech.